RASE
2025-12-02 | Aktuell Nous vous rappelons qu’un congé collectif sera organisé du 24/12/2025 au 04/01/2026. Pendant cette période tous les services de notre institution resteront fermés.
2025-07-04 | Aktuell Familljefest 2025
D’Kanner an d’Personal vun SEA vun der Gemeng Suessem lueden Iech häerzlechst an op hiert traditionellt Familljefest, moar Freide 4. Juli an dëst eng éischte Kéier um Kannercampus Belval. Dat Ganzt leeft vun 16.00 – 20.00 Auer.
Dëst Joer dréint sech d‘Fest em dat multikulturellt Zesummeliewe bei eis an de Strukturen an an eiser Gemeng. Sou ginn et vill Animatiounen a kulinaresch Spezialitéiten aus diverse Länner.
Ab 17h00 kënn et zu enger ultimativer Talentshow mat enger ganzer Rei vun Optrëtter vun aussergewéintlechen Talenter aus de Reien vun eisen SEAen aus der ganzer Gemeng.
Donieft gëtt et vill Animatioun, Iwwerraschungen an natierlech di beschte multikulturell Spezialitéite fir z’Iessen an ze Drénken zerwéiert.
Mär freeën eis op äre Besuch…
2025-04-25 | Aktuell Appel à candidatures - éducateur•trice•s diplômé•e•s
La Commune de Sanem se propose d'engager plusieurs éducateur•trice•s diplômé•e•s, à 100%, carrière C4, sous contrat à durée indéterminée et à durée déterminée, pour les besoins du service d'éducation et d'accueil.
Pour plus de détails et pour soumettre votre candidature, veuillez consulter le site internet ci-dessous:
RASE (Relais d'accompagnement socio-éducatif)
Adress / Kontakt
Service RASE
1, Passage Pablo Picasso
L-4457 Belvaux
(Bâtiment B – 1er étage)
Tél: 59 30 75 - 2030
E-mail: rase@suessem.lu
Joana RIBEIRO
Assistante sociale
Tél: 59 30 75 - 2031 / 621 326 645
E-mail: joana.ribeiro@suessem.lu
Tessy SCHNEIDER
Educatrice graduée
Tél: 59 30 75 - 2032 / 621 518 755
E-mail: tessy.schneider@suessem.lu
Ëffnungszäiten
8h00 - 12h30 / 13h30 - 16h00
De sozialen an educative Service « RASE » ass e gratis a benevolle Service vum SEA (service d’éducation et d’accueil) vun der Suessemer Gemeng, deen dem erzéiereschen Team, de Kanner an hire Familljen zur Verfügung steet.
All d’Professioneller vum soziale Secteur,
Erzéier·innen, Enseignanten, Elteren/Tuteuren, esou ewéi d’Kanner selwer, kënnen sech wärend den Ëffnungszäiten (8h00 - 12h30 / 13h30 - 16h00) un den Service wenden. Rendez-vous‘en ausserhalb vun dësen Horairë sinn op Ufro och méiglech.
Opgrond vun Ärer Situatioun, kënne mir Iech follgend ubidden :
* Ënnerstëtzung a Berodung fir Kanner an deenen Hir Famill, esou ewéi fir d‘erzéierescht Team vum SEA.
* Orientéierung an Hëllefsstellung fir Familljen, déi sech iwwerfuerdert fillen an/oder sech an enger Krisesituatioun befannen.
* Jee no Besoin, psychopedagogesch Ënnerstëtzung fir d‘Familljen, esou ewéi fir d‘Team vum SEA.
* Hëllef an den erzéieresche Moossname vun alle Bedeelegten, an dës ouni Virurertdeeler, esou ewéi a kompletter Vertraulechkeet.
« Ëm Hëllef ze froen, ass en Zeeche vu Stäerkt ! »
