Aschreiwung am Service d'Éducation et d'Accueil vun der Gemeng Suessem
Aschreiwung am SEA fir scolariséiert Kanner* 2026/2027
Hei ënnendrënner fann der di nei Aschreiwungsfichen an di néideg Dokumenter fir d'Schouljoer 2026/2027* fir all Neiaschreiwung am Service d'Éducation et d'Accueil fir scolariséiert Kanner.
D'Aschreiwungsdokumenter musse mir am Original a perséinlech iwwerreecht kréien.
Dofir invitéiere mir Iech, un engem vun den Aschreiwungsdeeg deelzehuelen:
• Samschdeg, de 25. Abrëll 2026 – vun 9:00 bis 12:00 Auer
• Samschdeg, de 16. Mee 2026 – vun 9:00 bis 12:00 Auer
• Mëttwoch, den 20. Mee 2026 – vu 7:00 bis 19:00 Auer
Kannercampus Belval Gebai C (Schell n°80)
Zougangsplang Kannercampus Belval
1, Passage Pablo Picasso
L-4457 Belvaux
Néideg Dokumenter fir d'Aschreiwung :
- D'Aschreiwungsfiche (recto-verso) korrekt ausgefëllt an ënnerschriwwen
Fiche d'inscription 2026-2027 oder
Fiche d'inscription Kannerkampus Belval 2026-2027 (nëmme fir Schoulkanner vum Kannercampus Belval), - d'Aarbechtszertifikat(er), korrekt ausgefëllt an ënnerschriwwe vum Employeur,
Certificat d'emploi 2026-2027 - eng Autorisation fir de Gebrauch vu pharmazeutesch Produiten am SEA,
Autorisation d'utilisation de produits pharmaceutiques au SEA - eng Kopie vun der Impfkaart ass recommandéiert (am Prinzip gi keng Kopien op der Plaz gemaach fir laang Waardezäiten ze vermeiden),
- am Fall vun Allergien, Liewensmëttelintoleranzen oder aner Krankheeten (Epilepsie, Asthma…), e medezineschen Zertifikat, ënnerschriwwe vun engem zoustännegen Dokter an eng Kopie vum PAI (Projet d’Accueil Individualisé).
Remarken
- D'Aschreiwungsfiche kënnen ausgefëllt gi mat der Hand mëttels engem schwaarze Stëft an enger gutt lieserlecher Schrëft, oder op engem Computer mat engem PDF-Visualisatiouns-Programm (z.B. Adobe Acrobat Reader DC).
- Nëmme komplett Dossiere ginn akzeptéiert.
- All d'Ufroen déi eis no deem leschten Aschreiwungsdag erreechen, kënnen eréischt consideréiert ginn ab dem 6. Oktober 2025.
- Fir Service d’Éducation et d’Accueil vun der Gemeng Suessem ugeholl ze ginn, muss d'Kand am Besëtz si vun engem gëltegem Chèque-service virun der Rentrée an den SEA.
- De Chèque-service huet nëmmen eng Gëltegkeet vun engem Joer. Begitt Iech dowéinst mat Zäiten (de Mount wou de Chèque-Service ofleeft) op d'Gemeng fir de Chèque-Service ze erneieren. Weider Detailer ginn et um Internetsite vun eiser Gemeng: www.suessem.lu/lb/service/cheque-service-daccueil
- Am Fall wou der äert Kannd nëmmen an de Service "Accueil de Midi" wëllt aschreiwen, notzt wgl. di selwecht Fichen mat Ausnam vun de Aarbechtszertifikat(er), déi der dann net braucht ofzeginn.
Fir weider Froen kënn Dir gären eis kontaktéieren um
d'Ekipp vum SEA
*Fir net scolariséiert Kanner, mellt Iech weg. direkt un eis Crèchestrukturen
SEAJ Zolwer Kannerbuerg - Tel.:
SEAJ Kannercampus Belval - Tel.:
