Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All d'Neiegkeeten



  • 2026-03-24 | Aktuell

    Inscription SEA 2026/2027

    D'Aschreiwungsfichen fir nei schoulpflichteg Kanner fir di nächste Rentrée goufe publizéiert an och d'Datume vun den Aschreiwungsdeeg goufen fest geluecht:

    • Samschden 25 Abrëll 2026 vun 9.00 bis 12.00 Auer
    • Samschden 16 Mee 2026 vun 9.00 bis 12.00 Auer
    • Mëttwoch 20 Mee 2026 vu 7.00 à 19.00 Auer

    Dir fannt d'Aschreiwungsfichen mat den néidegen Annexen sou wéi sämtlechen Informatiounen ënnert der Rubrik "ASCHREIWUNGEN" op dësem Internetsitt.
    +
  • 2026-01-07 | Aktuell

    Certificat pour déclaration d'impôts / Tax Return Certificate 2025

    Avant la fin du mois de février, les certificats de paiement nécessaires à la déclaration d’impôts 2025 seront envoyés automatiquement aux parents ayant réglé l’intégralité des factures relatives à l’année concernée.

    By the end of February, payment certificates required for the 2025 tax return will be automatically sent to parents who have settled all invoices for the relevant year.
    +
  • 2026-01-18 | Aktuell

    Kannertheater "NUMIA"

    D'Amicale vun der Maison Relais (AMARE) zesummen mat der ONG Hand an Hand an dem Kannertheatergrupp Dausendbéngchen organiséieren e musikaleschen Theater fir Grouss a Kleng. Dëst Joer steet "Numia", e musikalesche Kannertheater den 18. Januar 2026 um 15:00 um Programm. Den Erléis ass wi all Joers fir di sozial Projeten vun der ONG Hand an Hand a méi spezifesch fir Kanner mat spezielle Bedürfnisser.

    Wéinst dem groussen Erfolleg an de vergaangene Joeren, gouf e Virverkaf organiséiert. Mir recommandéieren Iech am Virfeld är Entréesticketen (mat Sëtzreservatioun) ze reservéieren. De Link fann der hei ënnendrënner (je no Browser muss der dowéinst op d'Pluszeechen drécken).
    +
  • 2025-12-02 | Aktuell

    CONGE COLLECTIF

    Nous vous rappelons qu’un congé collectif sera organisé du 24/12/2025 au 04/01/2026. Pendant cette période tous les services de notre institution resteront fermés.
    +
  • 2025-09-15 | Aktuell

    Inscription Accueil de Midi sans repas pour les enfants du cycle 1

    L’accueil de midi concerne seulement les enfants de l’enseignement précoce et préscolaire (cycle1) et n’inclut pas de repas.
    Pour inscrire votre enfant à l'Accueil de Midi, merci de compléter la fiche d'inscription 2025/2026 et l'Autorisation d’utilisation de produits pharmaceutiques au SEA.
    A la page 3, de la fiche d'inscription, vous trouverez les plages horaires pour pouvoir sélectionner l'Accueil de Midi.
    Les documents peuvent nous être remis soit:
    • par mail (en format PDF) à l'adresse contact@maison-relais-sanem.lu
    • en l'envoyant par courrier à l'administration du SEA
    • en mains propre
    +
  • 2025-07-04 | Aktuell

    Familljefest 2025

    D’Kanner an d’Personal vun SEA vun der Gemeng Suessem lueden Iech häerzlechst an op hiert traditionellt Familljefest, moar Freide 4. Juli an dëst eng éischte Kéier um Kannercampus Belval. Dat Ganzt leeft vun 16.00 – 20.00 Auer.

    Dëst Joer dréint sech d‘Fest em dat multikulturellt Zesummeliewe bei eis an de Strukturen an an eiser Gemeng. Sou ginn et vill Animatiounen a kulinaresch Spezialitéiten aus diverse Länner.

    Ab 17h00 kënn et zu enger ultimativer Talentshow mat enger ganzer Rei vun Optrëtter vun aussergewéintlechen Talenter aus de Reien vun eisen SEAen aus der ganzer Gemeng.

    Donieft gëtt et vill Animatioun, Iwwerraschungen an natierlech di beschte multikulturell Spezialitéite fir z’Iessen an ze Drénken zerwéiert.

    Mär freeën eis op äre Besuch…
    +
  • 2025-05-21 | Aktuell

    Aschreiwungen am SEA fir schoulpflichteg Kanner

    D’Aschreiwunge fir eng Betreiung am SEA ab dem 15. September 2025 si mëttlerweil ofgeschloss. All Demande, déi tëscht dem 21. Mee an dem 19. September 2025 erakënnt, gëtt fréistens fir eng Betreiung ab dem 6. Oktober 2025 berücksichtegt, ënner der Konditioun, datt nach Plazen disponibel sinn.
    Dir fannt d'Aschreiwungsfichen mat den néidegen Annexen sou wéi sämtlechen Informatiounen ënnert der Rubrik "ASCHREIWUNGEN" op dësem Internetsitt.
    +
  • 2025-04-25 | Aktuell

    Appel à candidatures - éducateur•trice•s diplômé•e•s

    La Commune de Sanem se propose d'engager plusieurs éducateur•trice•s diplômé•e•s, à 100%, carrière C4, sous contrat à durée indéterminée et à durée déterminée, pour les besoins du service d'éducation et d'accueil.
    Pour plus de détails et pour soumettre votre candidature, veuillez consulter le site internet ci-dessous:
    +
  • 2025-04-24 | Aktuell

    Changement au niveau de la direction du SEA de la Commune de Sanem

    Heimadder hu mir d’Éier iech ze informéieren, dass et am Service d’Éducation et d’Accueil (SEA) vun der Gemeng Suessem e Wiessel um Niveau vun der Direktioun gouf. Nom Depart a Pensioun vum Serge Olmo, laangjärege Chargé de Direction vum SEA, iwwerhëlt de Marcel Belche d’Leedung vum SEA. Hee gëtt ënnerstëtzt vum Cindy Afonso wat de Posten Chargée de Direction adjointe besetzt.
    +
  • 2025-04-10 | Aktuell

    Aschreiwungen am SEA fir Neiaschreiwungen 2024-2025 fir schoulpflichteg Kanner

    D'Aschreiwungsfichen fir nei schoulpflichteg Kanner fir di nächste Rentrée goufe publizéiert an och d'Datume vun den Aschreiwungsdeeg goufen fest geluecht:
    • Samschden 26 Abrëll 2025 vun 9.00 bis 12.00 Auer
    • Samschden 17 Mee 2025 vun 9.00 bis 12.00 Auer
    • Mëttwoch 21 Mee 2024 vu 7.00 à 19.00 Auer
    Dir fannt d'Aschreiwungsfichen mat den néidegen Annexen sou wéi sämtlechen Informatiounen ënnert der Rubrik "ASCHREIWUNGEN" op dësem Internetsitt.
    +
Nächst Lescht