Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Chrëschtvakanz 2020/2021

27.11.2020

D'Umeldungsfichen vum SEA fir d'Chrëschtvakanz 2020/2021 sinn un d'Responsabel vun de Kanner, déi eng Betreiung wärend der Vakanz (vum 21/12/2020 bis de 24/12/2020) brauchen, verdeelt ginn. Eis Strukturen wäerten den 24. Dezember ausnahmsweis um 14:30 zoumaachen.
Mir bieden iech déi Fiche bis spéitsdens de 4. Dezember zeréckzeginn, souguer wann d'Kand net brauch ze kommen. Wa mer bis zu deem Datum keng Fiche zeréckkruten, bedeit dëst, dass d'Kand wärend dësen Deeg net ageschriwwen ass.
Wéi an de vergaangene Jore gesi mer e Congé collectif Enn dës Joers vir. Dëst Joer gëtt de Congé collectif vum 24. Dezember 14.30 Auer bis Sonndes 3. Januar organiséiert. Wärend dëser Periode sinn all eis Servicer zou.