Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kannertheater "3 Wënsch fräi"

20.01.2019

E fantasievolle Musical vu Kanner fir Kanner gespillt vum Kannertheatergrupp "Dausendbengchen" de 20. Januar 2019 um 15h00 zu Zolwer am Artikuss.

Wéinst der grousser Resonanz am Virfeld, organiséiere mer e Virverkaf iwwer Internet (w.e.g. op de Link hei ënnert dem Flyer drécken)

De Mound a seng zwee Liiblingsstäre sinn erféiert: Dramfléier si verschwonnen, kee Mënsch wäert sech méi un seng Dreem erënnere kënnen... Ma, e Gléck ass do e Wuerzelswiicht mat den Déieren aus dem Bësch, déi nawell e puer Iddien hunn...

An da gëtt et och nach d’Cindy, eng Dramfléierin, déi nach fräi ass... Op et hinne geléngt, hier Dramfléierfrënn ze befreien?

Dir wëllt et och wëssen? Ma da kommt a kuckt iech den neie Kannermusical am Artikuss un a loosst iech vun de flotte Lidder an dem Kannertheater begeeschteren.


---> Virverkaf: w.e.g. hei klicken <---