Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

All d'Neiegkeeten



  • 2022-07-08 | Aktuell

    Familljefest 2022

    Le vendredi, 8 juillet 2022 le SEA de la Commune de Sanem organise sa fête de fin d’année scolaire « Familljefest 2022 ».

    La fête se déroulera dans et derrière le FESTIKUSS (salle de fête en dessous du centre sportif au Scheierhaff à Soleuvre) à partir de 16h00.

    Comme vous le voyez sur notre affichette (cliquez sur "flyer.pdf" ci-dessous), nous avons essayé d’organiser cette manifestation en sorte de passer un très agréable moment avec vous et vos enfants. Cette année-ci la fête se déroule dans le cadre des festivités des 20 ans de notre Maison Relais.
    +
  • 2022-05-02 | Aktuell

    Aweiung vum Kannercampus Belval

    De Kannercampus Belval gouf den 29. Abrëll 2022 a Presenz vun de Ministeren Taina Bofferding, Georges Engel et Claude Meisch offiziell ageweiht.
    +
  • 2022-06-26 | Opféierung

    Kannertheater Klima Prima

    e spannende Klima-Musical vu Kanner fir Kanner gespillt vum Kannertheatergrupp "Dausendbengchen" de 26. Juni 2022 um 15h00 zu Zolwer am Artikuss.

    Um Nordpol an um Südpol liewen den Äisbier Lutz an de Pinguin Professer Dr Ping. Hier Äisplacke ginn ëmmer méi kleng an esou beschléisse si, bei d‘Mënschen ze goen an hinne kloer ze maachen, dass et esou net viru goe kann. An enger Stad treffen si op d‘Liz, d‘Lucie, d'Poline an Zwillinge Patrice a Patricia. Och an hirer Wunneng dreiwen d‘Stroumfriesser Ampere, Volt a Watt hiert Onwiesen. D‘Kanner kréie vum Äisbier an dem Pinguin d‘„Lizenz fir Ofzeschalten“... Wäerte si et zesumme mat hire Frënn, de klengen Helden, et packen déi béiss Stroumfriesser fortzedreiwen?
    +
  • 2022-04-05 | Aktuell

    Nei Aschreiwungsfichen 2022-2023

    Di nei Aschreiwungsfichen fir d'Rentrée 2022-2023 fir Neiaschreiwungen am Service d'Education et d'Accueil fir scolariséiert Kanner, sinn lo erauskomm...
    +
  • 2021-12-01 | Aktuell

    Kollektivcongé 2021-2022

    Mir wëllen Iech drunn erënneren, dass mer e Kollectivcongé vum 24/12/2021 (inclus) bis den 2/1/2022 organiséieren. Wärend dëser Période bleiwe sämtlech Servicer vun eisem SEA zou.
    +
  • 2021-02-02 | Aktuell

    D'Administratioun vum SEA plënnert op de Kannercampus Belval

    Ab dem 8. Februar 2021 befënnt sech d'Administration vun eisem SEA op
    1, Passage Pablo Picasso
    L-4368 Belvaux
    Tel: 59 30 75 2000
    Fax: 59 30 75 2050
    E-mail: contact@maison-relais-sanem.lu
    Internet: https://www.maison-relais-sanem.lu/
    +
  • 2020-12-22 | Aktuell

    Annulatioun vun den SEA-Aktivitéiten vum 28. Dezember 2020 bis 10 Januar 2021

    An der Suerg all d'Mesuren ze huelen déi dozou bäidroen der Verbreedung vum Covid-19 Virus entgéintzewierken, huet d'Regierung den 21. Dezember 2020 decidéiert d'Aktivitéite vun alle Schoulen a Kannerbetreiungsstrukture vum 28. Dezember 2020 bis den 10. Januar 2021 ze annuléieren. Dozou gehéieren d'SEA, d'Mini-Crèchen an d'Dageselteren.
    +
  • 2020-11-27 | Aktuell

    Chrëschtvakanz 2020/2021

    D'Umeldungsfichen vum SEA fir d'Chrëschtvakanz 2020/2021 sinn un d'Responsabel vun de Kanner, déi eng Betreiung wärend der Vakanz (vum 21/12/2020 bis de 24/12/2020) brauchen, verdeelt ginn. Eis Strukturen wäerten den 24. Dezember ausnahmsweis um 14:30 zoumaachen.
    Mir bieden iech déi Fiche bis spéitsdens de 4. Dezember zeréckzeginn, souguer wann d'Kand net brauch ze kommen. Wa mer bis zu deem Datum keng Fiche zeréckkruten, bedeit dëst, dass d'Kand wärend dësen Deeg net ageschriwwen ass.
    Wéi an de vergaangene Jore gesi mer e Congé collectif Enn dës Joers vir. Dëst Joer gëtt de Congé collectif vum 24. Dezember 14.30 Auer bis Sonndes 3. Januar organiséiert. Wärend dëser Periode sinn all eis Servicer zou.
    +
Eischt Viregt Nächst Lescht