
Kannertheater Mirinda Zauberwand
04.02.2018en zauberhafte Musical vu Kanner fir Kanner
Wäit, wäit fort vun hei, wou nach ni e Mënsch hikomm ass, do läid dat wonnerschéint Elfeland. Hei regéiert d'Elfenkinnigin Lilia iwwert Elfen, Päiperlecken an Hummelen. Si beschützt hiert Räich mam Zauber vum geheimnissvollen Elfestëbs... Just e lëschtegt, frecht Elfekand dréihnt ëmmer alles op d'Kopp: d'Mirinda Zauberwand.
D'Mirinda spillt oft Spiichten an experimentéiert och mol gären mam Elfestëbs....
Mee heiansdo ass hatt awer och ganz traureg, well et net weess wien seng richteg Elteren sinn.
D'Mirinda erlieft zesummen mat senge Frënn Nelly, Wing, Cindy a Flory vill Abenteuer, geet esouguer bis an den däischtere Schietbësch..
Geléngt et dem Mirinda do endlech säin eegent Geheimnis erauszefannen?
A wat mécht deen Rico Gëftstachel mat sengen Schwaarzharespelen an Herrscherin Lulu?
Kommt a féiwert mam Kannertheatergrupp Dausendbengchen an hierem neien Kannermusical Mirinda Zauberwand...
wéinst der grousser Nofro organiséiere mer en Online-Virfverkaf op:
!!! Virverkaf - hei klicken w.e.g. !!!