passer au contenu principal passer au menu principal

Kannertheater Klima Prima

26.06.2022

e spannende Klima-Musical vu Kanner fir Kanner gespillt vum Kannertheatergrupp "Dausendbengchen" de 26. Juni 2022 um 15h00 zu Zolwer am Artikuss.

Um Nordpol an um Südpol liewen den Äisbier Lutz an de Pinguin Professer Dr Ping. Hier Äisplacke ginn ëmmer méi kleng an esou beschléisse si, bei d‘Mënschen ze goen an hinne kloer ze maachen, dass et esou net viru goe kann. An enger Stad treffen si op d‘Liz, d‘Lucie, d'Poline an Zwillinge Patrice a Patricia. Och an hirer Wunneng dreiwen d‘Stroumfriesser Ampere, Volt a Watt hiert Onwiesen. D‘Kanner kréie vum Äisbier an dem Pinguin d‘„Lizenz fir Ofzeschalten“... Wäerte si et zesumme mat hire Frënn, de klengen Helden, et packen déi béiss Stroumfriesser fortzedreiwen?

Wéinst der grousser Resonanz am Virfeld, organiséiere mer e Virverkaf iwwer Internet (w.e.g. op de Link hei ënnert dem Flyer2022.pdf drécken)

 Flyer2022.pdf (2.00 MiB)
Virverkaf Kannertheater Prima Klima