passer au contenu principal passer au menu principal

Kannertheater "De Raiber Hotzenplotz"

19.01.2020

Eng musikalesch Gaunerjuegd vu Kanner fir Kanner gespillt vum Kannertheatergrupp "Dausendbengchen" de 19. Januar 2020 um 15h00 zu Zolwer am Artikuss.

Wéinst der grousser Resonanz am Virfeld, organiséiere mer e Virverkaf iwwer Internet (w.e.g. op de Link hei ënnert dem Flyer2020 drécken)

Eis Amicale vun der Maison Relais ass och dëst Joer nees frou de Kannertheatergrupp DAUSENDBENGCHEN bei sech kënnen ze begréissen. Si presentéieren iech hire neie Kannermusical fräi nom Otfried Preußler sengem weltbekannte Kannerbuch: De Raiber Hotzenplotz

Wie kennt hien net? De geféierlechen, grousse Raiber Hotzenplotz, de Mann mat de siwe Messeren… Des Kéier huet hien näicht Besseres ze dinn, wéi der Boma hier Kaffismillen ze klauen. Mee de Kasperl an de Seppl maachen sech op d'Sich. An och d'Police ass hannert dem Raiber hier.

Geléngt et hinnen den Hotzenplotz ze fänken? A wat huet Zauberin Petrosilia an dee gelungene Fräsch domadder ze dinn?

Dir sidd gespaant wat de Kasper an de Seppl alles ënnerhuelen? Geléngt et hinnen oder der Polizei den Hotzenplotz endlech ze fänken? Ma da kommt laanscht a loosst Iech vun eisem neie Kannermusical "De Raiber Hotzenplotz" begeeschteren....

Sonndes, den 19.Januar 2020 um 15:00 Auer am Artikuss zu Zolwer

 Flyer2020.pdf (8.71 MiB)
>>> Virverkaf w.e.g. hei klicken <<< an dann op "Reservieren"