
Theatre pour enfants "Felicitas Konterbont"
12.03.2023No dem grousse Succès vun de viregten Opféierungen presentéiert de Kannertheatergrupp Dausendbéngchen hier neit Stéck "Felicitas Konterbont".
D'Opféierung ass Sonndes, den 12. Mäerz 2023 am Artikuss zu Zolwer.
Bestellt är nummeréiert Sëtzplazen am Virverkaf iwwert: https://reservation.ticketleo.com/event/24911/kannertheater-felicitas-konterbont
An der Spillkëscht vum Martha wunne Poppen a Kuscheldéiere friddlech beienee bis enges Daags d‘Martha eng nei Popp kritt: d‘Felicitas. Dat Neit gëtt schnell ausgegrenzt, well hat faarweg a friem ass. D‘Felicitas versicht nei Frënn ze fannen, mee déi aner aus der Spillkëscht loossen et net. Do gräift de Rabador, den Zauberer an a verspäert hier Këscht mat engem Zauberschlass. Ganz séier mierken si, dass de passende Schlëssel net am Kannerzëmmer ze fannen ass. Esou maachen sech d‘Felicitas, de Franz Findig mat Hëllef vum Zauberbuch an Ënnerstëtzung vu Piraten op eng Rees ronderëm d‘Welt fir vun all Kontinent e Stéck vun dem geheimnisvolle Schlëssel ze fannen. Wäerte si erkennen, dass se nëmmen duerch Zesummenhalt a Frëndschaft dëst Ziel kënnen erreechen?
Kommt mat eis mat op des spannend musikalesch Weltrees an entdeckt mam Felicitas wat Frëndschaft bedeit…

Lien Facebook
Ticket-Virverkaf (online)